Austria

Passau — no zwee Deeg Openthalt an Dauerreen an der “3-Flüsse-Stadt”, do wou Inn, Ilz an Donau zesummenlafen, fueren ech weider Richtung Éisterräich. Méng éischt Hürd haut de moien ass deen am Ufank sou vill verfluchtenen Bierg, op deen se t´Jugendherberg gebaut hun, mat enger defekter Hannerradbrems nees rofzekommen. Iwwerglécklech doriwwer, gesond ennen ukomm ze sin, sin ech dun awer Affer vun der “10%-Verloscht-ass-emmer”-Regel gin: méng Veloshännecher hun den Start ganz verpasst a rullen sech wahrscheinlech bis haut op der gudder waarmer Heizung am Zemmer 43 vun der Jugendherberg zu Passau.
Bis op Linz ass et amfong just e Kazesprong. Sou wéi gewosst ass dass Kazen awer immens waasserschei sin, an et op der Etapp vu Passau a Richtung Linz onennerbrach gereent huet, zitt sech de Wee onendlech laang. Während ech déi éischt Kilometeren nach bis hanner t´Ouren grinsend a ganz stolz op méng qualtitativ héichwerteg Reenausrüstung t´Streck quasi genéissen, verflitt de ganzen Stolz beim emmer méi staark asetzendem Reen. T´Waasser zitt lues a lues duerch t´Jackett, t´Keelt fent och erem ganz séier säi Wee bis un t´Schanken. Kuerz viru Linz hält et op mat reenen, et get méi hell an ech fannen eng Zeltplatz op engem klengen léiwen Camping bei Ottensheim. Eng waarm Dusch ass déi beschten Entschiedegung no souengem Dag.
Nodeems den nächsten Moien SCHON NEES mat enger gebrachener Zeltstaang ugefaang huet, ginn ech vun enger eelerer Koppel op e Kaffi agelued, deen se mir virun hirem 34 Joer aalen, awer nach tiptop laafenden VW-Bus servéiren. De Richard an t´Antje erzielen mer vun hiren fréiheren Reesen, an wouhin si elo mat hirem Bulli ennerwee sin. Fir dass ech moies och mol eppes anstänneges fir op t´Schmier hun, schenkt t´Antje mer nach ee Glas selwergemaachen Erdbiir-Hambiir-Hielänner-Gebees, an réit mer zu Linz onbedéngt eng Original Linzer Torte ze probéiren.
T´Linzer Torte war dun och e bessen den Highlight vu Linz, a no enger kuerzer Visite am Outdoorgeschäft, wou ech t´Zeltstaangenreperaturhülsen (wann dat net mol een gutt Wuert fir bei Scrabble ass) geschenkt krut, sin ech weidergefuer.
Knapps dass ech aus Linz eraus war huet en immens staarken Géigenwand, deen mech bis op Wien begleeden sollt an deen t´Donau, sou huet et geschéngt, quasi rem de Bierg erop zréckgedréckt huet, t´Fueren emmer méi schwéier gemaach.
Well ech mer et deen Dag bessen besser hun goen loossen (gemittlecht Kaffidrénken, Visite vun Linz an mäin widderhuelten Danz mam Wand), riichten ech mäin Zelt no just 60km bei engem Säitenaarm vun der Donau op. Well et dann haut awer och eppes ze feiren gouf, hun ech mer bessen eppes gegönnt: mat engem Radler (35 Cts) aus dem Lidl hun ech op méng éischt 1000km ugestouss, hun mer bei engem herrlechen Sonnenennergang gekacht an hun bei engem klengen Dessert déi herrlech Rouh rondrem mech genoss.
Den nächsten Dag war mäin Zil Krems un der Donau, eng Stad déi op ménger Kaart mat 2 Stären agedroen ass, wat bedeit dass se extra schéin sin soll. Um Wee fir dohin muss een duerch t´Wachauer Land. Dass t´Wachau och mat 2 Stären gekennzeechent ass léisst sech doduerch erklären, dass hei zum engen en riesegt Wäin-Ubaugebitt ass, zum aneren well hei am ganzen Donau-Dall immens vill Schlässer an Buergen stinn.
Während t´Drauwenfelder een net onbedéngt “aus dem Suedel rappen”, ass t´Duerchfueren vun deenen klengen Dierfer, déi bal méi Weinschenken wéi normal Haiser hun, wonnerschéin. Gären hätt ech mech einfach e ganze Metteg dohinnergesat mat deem engen oder aneren Patt Wäin, an hätt den Velofuerer nogekuckt, hätt doriwwer spekuléiert wou se hirkommen, wou se hifueren a wéi hir Velo-Deeg ausgesin, mee leider war et schon zimlech spéit am Dag, an wéi mer kloer war dass ech et egal wéi net méi bis op 2-Stären-Krems packen géif, hun ech eng Zeltplatz fannen missen. Nodeems ech den ganzen Dag schon just duerch Wäinfelder gefuer sin, an sech dat lo am fréihen Owend net wirklech geännert huet, erenneren ech mech un méng immens gutt Nuecht déi ech kuerz hanner Wissemsbourg am Ufank vu ménger Rees zwescht den Drauwen hat, kucken mech zweemol em, huelen eng schaarf Rietskéier an riichten mäin Zelt op en Neits an den Wäinriewen op, an der Hoffnung dass kee mech gesin huet.
Fir och secher kengem Bauer iwwer de Wee ze lafen sin ech den nächsten Moien um 6 Auer op, fir 2 Stonnen méi spéit um Velo ze setzen Richtung Krems, mam Dageszil Wien.
Bis op Krems ass et net méi wäit, ech ginn der Stad awer éischter just 1 Stär; a well ech keen uspriechenden Café fannen, wou ech deen mir selwer versprachenen Kaffi drénken kéint, leider nach eng kéier en halwen Stär ofgezunn. Mat engem halwen Stär kann een sech zwar net bretzen, mee emmerhin nach besser wéi Stuttgart, wat op ménger Lescht -1 Stär huet.
Et stellt sech eraus dass déi vu méngem GPS (an deen ech och sou lues a lues t´Vertrauen verléiren) ugekennegten 80km bis op Wien éischter 100km sin. Deen zur Stärkung géint den Wand op halwer Streck gedronkenen Radler stärkt mech ongeféier während 200 Meter, an ech sin bal um Punkt mech mat engem Zaubertrank — e klengen Jägermeister — aus Dikrecher Haus ze stärken, wat ech awer dunn sin gelooss hun. Wat villäicht och gutt war.
Der Kaart, dem GPS an den Stroossenschelder no sin ech dann am fréihen Owend eigentlech schon zu Wien, muss awer nach gefillten 50km fueren fir och wirklech “zu Wien” ze sin.
Eng ennerwee grouss ugeluechten Sich-Aktioun fir eng Schlofplatz war schlussendlech och erfollegräich, an ech hun mech zu Wien mam Hansi, engem Kolleg vum Audrey getraff, deen mer déi wahrscheinlech schnellsten, emfangräichsten an beschten Stadtführung vun Wien WELTWÄIT gin huet.
Duerno léiren ech och t´Annika, nach eng Frendin vum Audrey, an de Philipp, mäin Gastgeber fir déi nächst 2 Nuechten kennen. Bei engem Wäin am Gewölbekeller tauschen mer Geschichten aus, iwwert méng Tour, iwwert Scouten, iwwer Pläng an der Zukunft.
Duerno zaubert de Philipp eis e klengen Mitternachtsnack bei sech doheem, engem klengen Haischen bessen ausserhalb vu Wien, wou och ech fir 2 Nuechten schlofen kann.
Op méngem 2. Dag zu Wien probéiren ech mech bessen alleng an deser rieseger Stad zurecht ze fannen. Et ass net déi éischten kéier dass ech hei sin; während ech mat mengem éischten Openthalt hei zu Wien relativ schmerzhaft “Geschwollen-Zannt-an-e-Bak-wéi-eng-Boje-Erennerungen” verbannen, weist sech déi éisterräichesch Haptstadt des kéier vu sénger beschter Säit. No engem kuerzen Orientéirungslaf duerch t´Haptstroossen rondrem den Stephansdom treffen ech mech mettes mam Anne, enger Frendin vun viru laaanger Zäit, a sénger Frendin Anna. Vill hu mer eis ze zielen, an t´Zäit verflitt. An emgedréihter Richtung wéi deen Owend virdrun kréien ech nach eemol eng Stadféirung bei Dagesliicht, an erstaunlecherweis kann ech mech u vill vun den Gebaier erenneren (méng Demenz ass trotz méngen 30 Jor also awer nach net sou wäit fortgeschratt).
No engem ausgedehnten Frühstück den nächsten Moien geet et zwar spéit, awer gutt gestärkt op méng nächst Etappe, op Bratislava, an domat mäin 5. Land: Slowakei.