Germany

Méindes, den 1. September ass et esouwäit: méng Velosrees rondrem t´Welt geet lass. Wat ech zenter ganz laangem geplangt an organiséiert hun, all déi Informatiounen déi ech gesammelt hunn iwwer Material, Länner a méiglech Weeer gewannen ab haut richteg Relevanz. Deen Dag, op deen ech sou laang gewaard hun, mat Virfreed, Opreegung an Angscht erliewen ech net onerwaard als wahrscheinlech een vu méngen schéinsten, awer secher deen schlemmsten Dag iwwerhapt: dem Audrey a sénger Famill Eddi soen a méng Geschwester op ongewess laang Zäit nemméi gesin ass immens schwéier, an et ass eng Laascht déi net nemmen fir de Moment, mee fir déi nexten Wochen a Méint op mer leien wärd.

Saarbourg

T´Hiewen vum Velo an déi éischt Testfahrt virum Haus stemmen mech immens pessimistesch wat t´Geléngen vu menger Rees ugeet; mat bal 70kg déi ech lo iwwer t´Strooss drécken muss sin ech definitiv schon frou wann ech et bis un t´Grenz packen. No der obligatorescher Foto beim Duerfscheld vu Berbuerg geet t´Rees dann och wirklech lass. Mat méngem Brudder a sénger Frendin als Begleedung an “Kamerateam” ass mein 1. Zil t´Maacher Bréck, vu wou un e Kolleg och e Stéck matfueren well.

Déi 1. Grenz hun mer passéiert, ganz vill anerer sollen awer nach nokommen. Während ech méngem Brudder a sénger Frendin zu Oberbillig schon definitiv Eddi gesot hun, ass dann och zu Saarburg Zäit fir ménger leschter Begleedung Eddi ze soen. Ab elo sin ech alleng. Zu Lidder vun Eagle Eye Cherry, Pink Floyd an Kannerlidder vum Ministère de l´Éducation Nationale, déi ech aus onerklärlechen Grenn NACH EMMER op méngem Ipod hun, sinn ech lanscht t´Saar gefuer, mam eigentlechen Zil vun haut: Saarbrécken.

De Wee zitt sech immens laang, an no 45km sinn ech platt. Dass ech et net op Saarbrécken packen géif war mer längst kloer, mee onbedéngt wollt ech op mannst 70km fueren. Wéi ech déi bis erreecht hat a mer schon amgaang war eng Zeltplatz ze sichen, sinn ech mat enger Famill an t´Gespréich komm, se waren begeeschtert vu ménger Iddi mam Velo rondrem t´Welt ze fueren, hunn mer eng Zeltplatz ugebued, déi ech awer ofgelehnt hunn. Wéi déi 3 Cyclisten mech dun nees verlooss hun, konnt ech no bal 80km mäin Zelt an engem Feld bessen abseits vun der Saar opbauen.
No enger immens waarmer Nuecht — villäicht ass mein Schlofsak deen een bis -30° C benotzen kann bessen ze fréih zum Asatz komm — geet et weider lanscht t´Saar. De Wee ass net besonneg spannend, zu méngen Highlights zielen déi éischt 5€ déi mer einfach esou vun engem aneren Velofuerer zougestach goufen, an eng Dozen Storchen, déi sech wahrscheinlech zu engem klengen Festmahl op engem fresch geméintenen Feld getraff hun.
Eng geeegent Zeltplatz ze fannen bleiwt emmer déi gréissten Schwieregkeet: net ze no bei der Strooss, ausser Siichtwäit vun Haiser an wann méiglech net ze no beim Waasser. Sou hun ech den 2. Owend den Jackpot gewonn, andeems ech no 92km direkt nierft der Strooss, 100m vum Waasser an net wäit vun engem Duerf déi eenzeg méiglech Platz an wäiter Emgéigend fonnt hun.

Riwwer op Wissemsbourg (Frankräich) passéiren ech méng 2. Grenz. Mat Wissemsbourg gesin ech dann no laangem Fueren och méng éischt richteg schéin Stad. Passend dozou schlofen ech owes zwescht Wäinriewen an Quetschenbeem. No puermol haardem Kraachen um Himmel an villen schwaarzen Punkten, déi sech vun engem Moment op deen aneren zu faarwegen Bullen verwandlen, weisen des Fallschirmsprénger mech drops hin dass ech quasi direkt nierft enger Sportflugplatz zelten.
Um Wee fir op Karlsruhe begéinen ech engem Schott, deen och déck belueden mam Velo ennerwee war. Hien ass um Wee fir op Venedig, fir dann duerno nees de Fligger zréck op t´Insel ze huelen. Méng Erwardungen un Karlsruhe gin immens enttäuscht: wou a ménger Phantasie vill aal Gebaier, verschnörkelt romantesch Gaassen an léif kleng Café´en nemmen drop waarden, eng la-ola-Well maachen ze kenen, well se an Karlsruhe endlech do sin, mussen se a Wirklechkeet leider Platz man fir déck Baggeren, Kranen a vill Kaméidi, déi sech a ménger Erennerung un Karlsruhe breed gemaach an mat villen Gitteren an rouden Luuchten verbarrikadéiert hun.

Méng éischt Nuecht an enger Jugendherberg ass herrlech — wann och iwwerdriwwen deier. En Skype-Gespréich mam Audrey tréischt e bessen iwwer déi immens laang an gréisstendeels langweileg Weeer lanscht Saar eweg, an kann sech mat engem Fousstrett hei an do géint t´Baggeren och e bessen Platz verschaafen a ménger Erennerung un Karlsruhe! ☺
Fir dei säfteg Präisser an den Jugendherbergen voll auszenotzen schloen ech mer de Bauch moies emmer sou voll et geet: 3–4 Bréidercher, 2 Schosslen Müsli, een Stéck Uebst an 1–2 Kaffi sin en gudden Start an den Dag. Et soll jo duergoen bis Mettes.

Dass mer bis op Stuttgart eng bessen méi schwéier Etapp beviirstoen géif war mer bewosst, dass se allerdéngs sou schwéier géif gin hätt ech net geduecht. Et dréckt sech een Bierg un deen aneren, grad wéi wann se net genuch Platz hätten sech soss iergendwou auszebreeden. Während ech déi éischt Bierger nach ganz muteg bekämpfen, geet mer awer irgendwann t´Kraft aus, a well déi lescht Otemzich net an irgendengem Bierg verluergin sollen, notzen ech se fir all méiglech Schimpfwieder op Stuttgart auszeschwätzen (ech war ganz erstaunt wéieng Schimpfwieder ech kennen!) An engem Uebstbongert leeen ech mech schlofen, an gin just heiansdo durch t´hondsähnlech Gebills vun Marderen (ech loossen mech gäeren korrigéiren) wakreg.

Och déi lescht Kilometren bis op Stuttgart sollen mer net einfach gemach gin, sou dass et no knapps enger halwer Stonn ufänkt mat reenen. Méng “aggressiv” Stemmung géintiwwer Stuttgart féiert dozou dass ech guer net do stoenbleiwen fir mer iergendeppes unzekucken. Ech well just weider op Ulm.

T´Ukommen zu Ulm an domat den éischten Kontakt mat der Donau get gebührend gefeiert mat engem Radler an engem Eiscafé. T´Donau. Ab elo geet et bal 1000km iwwer de berühmten Donauradweg, lanscht de Floss erof bis op Budapest, wou ech de Veloswee kuerz verloossen, fir dann a Rumänien nees “zesummen” bis bal bei t´schwarzt Mier ze fueren.
Dass ech hei zu Ulm kee Camping fonnt hun war schon bal gutt, sou sin ech an der Nuecht engem immensen Donnerwieder aus de Féiss gaang. Den nexten Moien gin ech fest dovun aus, elo mäin éischten Dag am Reen fueren ze mussen, mee nodeems den éischten Niwwel sech verzunn huet fueren ech bei immensem Wieder a bal nemmen flaachem Wee iwwer 110km, fir mäin Zelt dann bei gefilltenen 700 Milliounen Moustiquen opzebauen, a meng Nuecht mat just engem halwen Liter iwwreg bliwwenem Waasser ze verbréngen.

Den nexten Dag get mäin Qualitéits-Zelt mer ganz däitlech ze verstoen dass et kee Bock op enger länger Rees huet: beim Ofbau brecht net eng, mee 2 vun 3 Staangen. Mäi Plang ass et lo déi next Nuecht op engem Camping ze schlofen, fir am schlemmsten Fall bei Reen en Ennerdag ze hun. Zu Regensburg géif ech dann kucken fir Ersatzstaangen ze fannen. Déi immens duuschtreg Nuecht get durch en groussen Radler zu Neuburg a.d. Donau kompenséiert. Neuburg ass eng léif kleng Stad mat vill Charme, deen awer leider net duergeet fir Stonnen hei ze verbréngen. Schlussendlech fannen ech e Camping zu Neustadt, wou ech och 3 aner Velofuerer kennenléiren: den Thomas a Frank sin vun Freiburg mam Zuch op Ulm komm, fir vun do aus op Regensburg ze fueren. Et ass hiren 2 Ulaf, nodeems se schon virun Joeren eemol vun Freiburg aus bis op Ulm gefuer sin, sollt hir Rees lo hei weidergoen. Villäicht géifen se et jo — an Etappen — irgendwann eemol bis un t´Schwaarzt Mier packen. De Moritz ass vun Hamburg aus mam Zuch komm, a fiert och vun Ulm aus bis op Budapest. Et stellt sech raus dass ech him haut schon 2 mol begéint sin; eemol zu Neuburg an eemol zu Ingolstadt. Et kéint een sech bestemmt nach méi oft begéinen, mee hien rechent domat an 2 1/2 Woch zu Budapest ze sin, wat bedeit dass hien vill méi séier ennerwee ass wéi ech.

Um Camping vermessen ech den traditionellen “Camping-Bistro”, wou een bis owes spéit Schnitzel a Béier kritt. Dofir hun se déi proppersten Duschen an Toiletten déi ech bis dato gesin hun (hätten se Schnitzel gehat, hätt een deen vum Buedem iessen kenen).

Trotz fréihem Opstoen kommen ech den Dag drop net vum Fleck: vertesselten Portemonnaie, Gordeschen Knuet a méngem Gepäckdréiher-Lastik a Poschen déi net zougoen wollten loossen mech réischt um 11h fortkommen. Duerch en Tipp vum Thomas a Frank fueren ech op Weltenburg, wou een t´Fähr huelen kann fir duerch den Donaudurchbruch ze fueren, eng natiirlech Schlucht mat steil offaalenden Fielsen. Déi knapp 15 Minutten Schefffahrt sin eng flott Ofwiesslung zum Velo an erspueren mer e bessen Bierg. Ab Kelheim geet et dann weider Richtung Regensburg, wou ech am spéiden Nometteg an der Jugendherberg anchecken, fir déi schlemmsten Nuecht vu ménger bishereger Rees ze verbréngen: e vollbeluechten Meerbettzemmer voll mat Moustiquen an eng immens Hetzt loossen mech rem op déi next Nuecht am Zelt freeen.

Regensburg dogéint ass wonnerschéint, mat der “Stengerner Bréck” déi an Stad féiert, mat séngen villen verwénkelten Gaassen, villen Restauranten a Café´en, an egal wou een higeet, et kent een emmer rem op enger sehenswürdeger Platz raus. Bei enger Pizza sou grouss wéi een Trakterpneu plangen ech en zousätzlechen Master-Studium, just fir nach eemol puer Joeren hei zu Regensburg studéiren ze kenen.
Zeltstaangen konnt ech an ganz Regensburg keng fannen. Am leschten Geschäft wou ech gefrot hun kréien ech zwar e ganzen Pak Staangen, um nexten Camping stellt sech awer raus dass déi net passen wellen.

Nodeems ech et gepackt hun, duerch bal ganz Däitschland ze fueren ouni dass et richteg gereent hätt, huet t´Gléck mech op ménger leschter Etapp verlooss: vun Deggendorf bis op Passau, méng leschten Stad an Däitschland, huet et onennerbrach gereent, an trotz gudden Reenkleeder spieren ech wéi t´Fichtegkeet lues a lues un t´Schanken geet. Iwwer matscheg Weeer, op deenen t´Pneuen sech wäit an de Bulli rabäissen an een Weiderkommen extrem schwéier man, kommen ech am spéiden Nometteg zu Passau un. Als Entschiedegung well ech och hei nees vun der Jugendherberg profitéiren. Déi läit allerdéngs op deem héichsten Bierg deen sech hei bei der Stad befennt. Enner vill (an ech mengen GANZ VILL — an nach bessen méi wéi een sech lo virstellt) Gefluchs drécken ech de Velo samt 55kg Gepäck de Bierg rop. No all 5 Meter bleiwen ech stoen, fir Loft ze huelen, fir ze fluchen, an fir ennerlech ze kräichen. Wéi oft hun ech mech gefrot, firwat iergendeen eng Jugendherberg uewen op en Bierg baut, wat den Senn dohannert ass.

Nom Anchecken déi üblech Prozedur: all mäi Gepäck op t´Zemmer droen, de Velo zousperren, t´Bett opzéihen. Eng gutt Dusch an Skype sinn alt rem eng würdeg Belounung fir soueen Dag.

No 2 Deeg Passau geet et elo virun op Linz, a mat Éisterräich an mäin 4. Land an dat ech fueren. Ech freen mech op méi sehenswürdeg Streckenabschnitter, op Kaffi a Kuch um Wee-Rand, op Linz, Wien a Budapest. Bis dann dann, Chok!

Show your support

Clapping shows how much you appreciated YannisWCA’s story.