Hungary
Bratislava sollt amfong just e kuerzen Zweschenstopp sin op méngem Wee lanscht t´Donau Richtung Ungarn. Déi immens gemittlech Atmosphäre vu méngem Hostel war dun awer Grond genuch, op mannst 2 Nuechten, an Sonndes bei engem Kaffi bis an den spéiden Moien ze bleiwen. E groussen “nach nach nach” jäizenden Honger féiert dozou, dass ech méng Nahrungsreserven am Lidl nach eemol ganz grousszügeg opfellen, während dei baussen waardend Velospoche´en alleng duerch den Gedanken un dat zousätzlecht Gewiicht un t´Schweessen kommen. Heiansdo denken ech mer “gutt dass méng Velospoche´en keng Been hun, se wieren mer well längst fortgelaf”.
Mäin 4. Sticker op de Velo gepescht sichen ech mer de Wee bei t´Donau. Ech ginn dem Rotschlo vun engem haut de Moien am Hostel begéintenen Velofuerer aus Nürnberg no, fueren iwwer déi éischt Bréck déi kent an ab hei nemmen nach iwwer déi riets Säit vun der Donau.
Et fällt op dass hei immens vill Leit Inline-Skates fueren, während t´Zuel vun den Velofuerer emmer méi kleng get. Déi éischt Kilometren fueren ech op flaacher Streck mat esouguer bessen Réckenwand, an sou kent et dass mer eppes geschitt, wat sou selten ass wéi an der Stad vun engem Bäcker op Letzebuergesch ugeschwat ze gin: enner enger décker Couche Stepps huelen ech mäin schwéiersten Gang,raus, deen ech wahrscheinlech bei der Descente op Ulm erof déi leschten kéier benotzt hun (ech wollt schon eng Vermesstenmellung rausgin). Mat enger relativ gudder Duerschnettsgeschwindegkeet rullen ech op déi ungaresch Grenz zou, wou t´Stroossen zounehmends méi schlecht gin.
“Du bas mam Velo vun Letzebuerg bis an Ungarn gefuer.” Während ech virun 3 Wochen beim Fortfueren nach kaum drun gegleeft hätt, et mat deem Gepäck an ouni Training et iwwerhapt bis un déi däitsch Grenz ze packen, ass et en herrlecht Gefill, enger Meschung aus Stolz, Neigier an Angscht beim Grenzenscheld déi obligatoresch Foto ze man.
Soueen Photoshoot kann heiansdo eng Zäit daueren, a währenddeem ech den ganzen Répertoire vu Photo-Positiounen ofspillen — mat Buff mat Brell, mat Buff ouni Brell, just mam Brell, mat Buff ouni Brell an den Daumen an t´Luucht, mat Buff, ouni Brell op t´Grenzscheld weisend, ouni Buff mat Brell Ärm auserneen, asw. — entgeet mer net dass op der anerer Stroossensäit en aneren Fernradler och grad, vun Ungarn an Richtung Slowakei fuerend, t´Grenz passéiert. Well ech mettlerweil wees wéi schwéier et ass, alleng Fotoen vu sech bei Grenzschelder ze maachen (a well mer och keng aner Positiounen afalen) lafen ech bei hien riwwer a bidden him un, puer Fotoen vun him ze man.
Mir kommen séier an t´Gespréich, an de Mann erzielt mer, dass hien aus Brasilien kent, a mat séngen 50 Jor well zenter 15 Jor mam Velo ennerwee ass, dobäi méi wéi 400.000 Kilometer mam Velo gefuer ass an domat inoffiziell de Rekord vum Däitschen Heinz Stücke, deen zwar mat 600.000 Kilometer den Rekord huet, bei déi hien awer Fligger, Zuch an Fähr mat dobäigerechent huet, gebrach huet. Wann een soueppes héiert, kent engem déi eegen Rees sou kleng an onintressant vir. E wees zu all Land eng Geschicht ze erzielen, déi awer meeschtens relativ negativ sin: en erzielt mer vun schlechten Stroossen an China, vum immens geféierlechen Südostasien, vun Problemer mat Ambassaden, asw. Demno ass en och immens pessimistesch wat mäin geplangtenen Wee ugeet; zum engen géif ech et nimols an deem Zäitraum packen, zum aneren wier et alleng immens schwéier. An spéitsdens zu Laos oder am Vietnam géif ech alles geklaut kréien.
Ech war engersäits faszinéiert vun him, anerersäits ass et mer virkomm wéi wann et him just nach drem goen géif, säin inoffiziellen Rekord emmer weider ropzeschrauwen, ouni nach wirklech Spaass un der Saach u sech ze hunn. Ech awer well reesen fir Neies kennenzeléiren, fir Freed drun ze hun nei Leit a Kulturen kennenzeléiren, an net fir iergendeng Zuelen a Statistiken an t´Luucht ze schrauwen.
Et ass flott déi Zort vun “Extrem” kennenzeléiren, ech sinn awer genausou frou dass mer, no enger immens staarker Reenschauer an nom Tauschen vun e puer Euro an Ungareschen Forint (wow, méng éischt friem Währung), och nees getrennten Weeer weiderfueren.
Kéint een 2 mol an t´Hänn klatschen an domat t´Phantasie zum Liewen aweschen, dann ass et wéi wann ech direkt hanner der Grenz 2 mol an t´Hänn geklatscht hätt, an all méng Virstellungen vun den Leit, den Haiser, den Auto´en asw. vun engem ureschen Osteuropa Wirklechkeet gin wieren. Mat décken Eisengitteren verspaarten Fensteren gin mer ze verstoen, dass ech besser hun, mäin Velo hei emmer zouzesperren; t´Wahrscheinlechkeet dass iergendeen mer een 2. Velo dobäistellen géif wier ze grouss, a wat géif ech schon mat engem 2. Velo ufänken, ech wier nemmen geplot domat.
No engem immens schéinen Sonnenennergang stellen ech mein Zelt an engem klengen Duerf op engem Camping op. Well t´Saison amfong schon riwwer ass, brauch ech t´Duschen mat kengem ze deelen, an et héiert och keen aneren mech fluchen wéi méng Zeltstaang beim Opbau schon nees gebrach ass, an et gesäit och keen mech “kräichen”, wéi den nexten Moien no engem staarken Wand scho REM eng Staang gebrach ass. No engem Gespréich mat Wechsel, der Firma déi mer t´Zelt verkaf huet, schécken si mer 10 Ersatzsegmenter op Budapest.
Györ, déi nächst gréisser Stad, ass net wirklech spannend an de Startpunkt fir eng länger Duuschtstreck: ech verschmelzen mat méngem Velo zu engem “Pacman”, op der Sich no schéinen Punkten, déi mech méngem Zil méi no bréngen. Ennerwee op langweilegen, mat villen geféierlechen “Geeschter” befuerenen Stroossen sichen ech vergeblech no Schelder, déi mer den weideren Veloswee weisen. Villäicht sinn ech zevill verwinnt vun den Donauveloswee´er an Däitschland an Éisterräich.
Mat grousser Virfreed fueren ech Richtung Esztergom, eng relativ grouss Stad knapp 50 Kilometer nordwestlech vu Budapest un der Donau leiend. Vu wäitem erkennt een schon t´Tierm vun der Kiirch, déi als eng vun deenen héichsten Kathedralen vun Europa gehéiert; wann een an eng grouss Stad ranfiert ass et emmer wéi wann een eng Rideau oprappt, e groussen Schrett mecht, déif Loft helt an haart ruffen géif: “Ok Stad, hei sin ech, wat hues de ze bidden?” Während desen Schrett zu Wien gedanklech nach duerch eng Trompetten-Fanfare begleed gouf, héiert een zu Esztergom beim Oprappen vun der Rideau héchstens puer Grillen zirpen, an et fehlt just nach den verdreschenten Grasbüschel deen iwwer t´Strooss flitt. Trotz immens schéinen Gebaier a flotten Platzen an der Stad sin bal keng Leit ze gesin.
Ech fueren bis uewen bei t´Kathedral a genéissen nierft der immenser Aussiicht e Glas ungareschen Routwäin, e Kaffi an e Stéck hausgemaachenen Erdbirstrudel.
Ech man en Emwee iwwer Visegrad, wou ech fir eng Nuecht (mat enger schon nees gebrachener Zeltstaang!) op engem Camping schlofen an den nächsten Dag gefillten 2000 Meter iwwer e schlechten Wee op en Hiwwel klammen fir eng Buerg kucken ze goen, déi et awer och glécklecherweis derwert ass. Déi gebrachen Zeltstaang iwwerzeegt mech dovun, zu Budapest en neit Zelt ze kafen; “t´Chemie zweschen mir an deem Zelt huet einfach net gestemmt”.
De selweschten Dag fueren ech bis op Budapest. No erstaunlech wéinegen Viruertschaften wierkt dat lescht Stéck Land wéi eng Schatztruh, déi Meter fir Meter weider opgeet, fir mer dat gréissten a schéinsten Gebai, wat ech bis elo gesin hun ze präsentéiren: t´Parlament vu Budapest.
Et stellt sech raus dass Budapest eng immens velofrendlech Stad ass, an sou ass et och owes keen Problem en Hostel ze fannen. Am Hostel Blues schlofen ech fir 3 Nuechten, sou dass ech genuch Zäit hun fir Budapest kucken ze goen, mer en neit Zelt ze kafen a mäin aalt Zelt zréckzeschécken.
Budapest ass rieseg! Ech sin frou dass ech den Velo dobäi hun, sou kréien ech alt bessen eppes vun der Stad ze gesin.
Op der Sich no enger Post a mam Kapp an der Kaart héiren ech een mäin Numm ruffen. Ganz iwwerrascht doriwwer, wien HEI mäin Numm kennen sollt kucken ech em mech, an ech erkennen de Moritz, den däitschen Velofuerer deen ech zu Neustadt, nach virun Regensburg kennegeléiert hat. Ech wousst dass hien heihinner kommen géif, awer dass ech hien an deser rieseger Stad remgesin gouf, hätt ech ni geduecht.
Nodeems ech dem Zelt gesot hun, dass et gären op déi nächsten Rees matkommen kann, wann et bis dohinner “richteg” Staangen huet, hunn ech et an de Pak geluecht, deen déi fein Fra op der Post dunn mat 1,5cm breedem Tesa-Peschpobeier zougepescht huet. Wéi ech se drop higewisen hunn, dass den Inhalt ongeféier 300€ wert ass, huet se dat Ganzt virsiichtshalber nach mat enger denner Schnouer zougestréckt!
T´Deeg zu Budapest verfléihen, an ech fueren weider op Kecskemet. Op t´Melodie vun Poison hirem “Every rose has it´s thorn” sangen ech “Every home has it´s horse” — wat den Wachauer hir Weinschenken, sou den Ungarer hir Päerd, an et ass wirklech quasi all Haus wat e Päerd dobäistoen huet. Normalerweis sinn Sonndeger keng gutt Velosdeeg, mee ech hunn t´Chance op desem Sonndeg een traditionellen Maart ze gesin, deen nemmen 2 mol am Jor ass: Handwierk, ungaresch Spezalitéiten, vill Iessen a Gedrénks, an am Hannergrond ungaresch Folklore. Mat méngem déck beluedenen Velo zéihen ech vill Blécker op mech, gin oft ugeschwat, an spéider vun enger éisterräichescher Koppel op Gulasch an e Béier agelued. Duerno bezillt eng ungaresch Koppel mer den Dessert, en traditionellet ungarescht Gebäck mat Schofskéis, an eng Drepp; a just éier ech weiderfueren well kent e Meedchen bei mech gelaf an schenkt mer eng immens déck gefellten Mohntäsch — wéi ech aus Kecskemet rausfueren get mer déi éischten kéier bewosst, wéi t´Mentalitéit vun de Leit ufänkt ze changéiren. Mat puer Tréinen, déi mer ennerwee de Baack rofrullen deefen ech desen Dag als deen schéinsten vu ménger Rees bis elo.
Vun Kecskemet fueren ech weider Richtung Szeged, déi leschten grouss Stad un der rumänescher Grenz. Well méngem GPS déi villbefueren langweileg Stroossen anscheinend näicht méi soen, schéckt hien mech iwwer déi onméiglechst Sandpisten, sou dass ech dunn och zum Genoss kommen, méng Velospochen eemol vun ennen ze kucken.
Den nächsten Dag well ech dem Tipp vun der Ungarin vum Dag virdrun nogoen. Demno soll et zu Opusztaszer en immens flotten Freilichtmusée gin, wou déi ganz ungaresch Geschicht duergestallt sin soll, wat immens intressant wier. Ech fueren also deen klengen Emwee, fir dunn op benanntener Platz just zou´en Dieren an e Scheld mat immens deiren Entréespräiisser virzefannen. Ech man mer also net vill draus, déi ungaresch Geschicht net kennenzeléiren; emsou besser ass et dass ech duerch den Emwee lo op enger net sou staark befuerener Strooss méi filmen kann.
Et ass hei wou t´Ongléck geschitt: +++….., an dunn hun ech gemierkt dass ech een Stéck vum viischten Schneidezannt verluer hun, an een anert Stéck just nach labber gehalen gouf. All méng Pläng fir zu Szeged dann mol gutt iessen ze goen, e Béier ze drénken an einfach mol rem ze relaxen waren op t´Kopp gehäit.
Zu Szeged sichen ech mer also Adressen vun Zänndoktren, déi villäicht dat schlemmst vermeiden kenen. Den nächsten Dag konnt mäin Zannt gerett ginn, an ech konnt Szeged awer nach e bessen genéissen.
No 2 Deeg Szeged fueren ech weider a Richtung Timisoara. Mat villen schéinen Erennerungen, häerzlechen Bekanntschaften an engem neien (Stéck) Zannt fueren ech an Rumänien, wou alles nach eemol e ganzt Stéck anescht ass…



















