Slovakia

“I know that I´m born and I know that I´ll die, the in between is mine.” (Eddie Vedder)
Net emmer sin t´Weeer déi een fiert immens spannend, an wat t´Streck méi langweileg ass, emsou méi wichteg ass et, gutt Musék lauschtren ze kenen. Dementsprechend sin ech immens frou, mech mat voll opgeluedenem Ipod an enger rieseger Auswahl vun Lidder — vu Schnulzen bis richteg haarden Rock (merci Audrey! ) op de Wee maachen ze kenen. Déi éischt Kilometren, während deenen méng Erennerungen un déi immens flott Deeg zu Wien mäin Tempo bal net halen kenen, well se sech nemmen ongären vun der onvergiesslecher Stad an der immenser Gesellschaft trennen wellen, verfléien an et dauert net laang bis ech am Nationalpark “Donau-Auen” sin. En Nationalpark — ech fillen mech wéi en Cowboy op séngem Päerd, deen stolz duerch t´Prärie reit, prett fir Neies ze entdecken, Fless, Séi´en, well Déiren; e Mann a säi Päerd alleng an der Natur. Yiippp-….an spéitsdens no deenen éischten Kilometren get t´Begeeschtrung mam “Lasso” zréckgezunn: net nemmen ass déi duerchridden t´Landschaft immens monoton, se ass virun allem fuerchtbar riischt — sou gesäit een Mettes um 13 Auer schon t´Bänk wou een 3 Stonnen méi spéit déi next Picknick-Paus maachen wärd. Lénks an riets just Besch. Huet een vun wäitem een (seltenen) Velofuerer gesin a sech während 20 Minutten drop gefreed, fir em Moien soen ze kenen, war t´Enttäuschung emsou méi grouss, wann en net geäntwert huet (et fällt op dass 90% vun de Course-Velofuerer net äntweren). Wieren et richteg Cowboys gewiecht hätt ech mech mat hinnen dohinnergesat an en Deel vu méngem Spirituosen-Vorrat mat hinnen gedeelt — mee se waren wuel all éischter “Schuh-des-Manitu-Cowboys”.
T´Virstellung vun der “weller Natur” get dun awer nach eemol kuerz ugereegt, wéi Schelder drop hiweisen, dass hei Schildkröten wanderen. Ech hun ee Moment drun geduecht mech dohinner ze setzen an op t´Schildkröten ze waarden, mee déi Zäit hat ech dun awer net.
Et ass en immenst Gefill, Bratislava déi éischten Kéier vu wäitem ze gesin: dobäi ass et net séng “Schéinheet” déi beandrockt, mee einfach t´Wessen dorems, dass ech elo gläich an t´Slovakei fueren wärd. Fir mech ass et réischt ab hei wou méng Rees richteg lassgeet; ouni méng éisterräichesch Kollegen lo rosen maachen ze wellen, well se héiren et bestemmt net gär, mee: Éisterräich ass fir mech quasi dat selwescht gewiecht wéi Däitschland, an Däitschland ass — fir een deen aus dem Osten vu Letzebuerg kent — och net wierklech vill anescht wéi Letzebuerg. Ab elo awer verstinn ech t´Sprooch net méi, kann keng Schelder méi liesen, an virun allem treffen ech op eng ganz aner, vill méi zréckhalend a “kaal” Mentalitéit, déi erstaunlecherweis DIREKT hanner der Grenz ufänkt.
De Grenziwwergang war wéineg spektakulär, net mol déi obligatoresch Foto vum Velo mam Scheld vum neien Land kann ech maachen, well eng Schnellstrooss méng Stroossensäit mat der, wou t´Scheld steet trennt.
Bis dass ech dann tatsächlech zu Bratislava selwer ranfueren fänkt et och schon un däischter ze gin, an no laangem Sichen an enger bei Nuecht wirklech beängstegender Stad, fannen ech dunn endlech dat Hostel, dat ech mer den Dag virdrun opgronn vu villen positiven Bewertungen am Internet rausgeschriwwen hun. Iwwerglécklech, endlech méng Schlofplatz am “Freddy next to Mercury” Hostel fonnt ze hun, ginn ech 2 Minutten méi spéit staark enttäuscht: de granzegen Typ an der Rezeptioun, deen immens genervt vu mir ze sin schéngt, gläichzäiteg awer och den Uschäin hat, immens “erreegt” vun deenen 3 Meedecher déi grad agecheckt hun, ze sin, huet mer an engem dreschenen, knappen Toun ze verstoen gin, dass si komplett ausgebucht wieren (a ménger Cowboy-Phantasie hätt ech en nach éier en dat gesot hätt erschoss!). Weider huet en gemengt, en kéint mer awer en aneren Hostel nennen, déi hätten bestemmt nach eng Platz. E schreift mer en Numm op en Ziedel an erklärt mer den Wee bis dohinner. Ech fueren sénger Weebeschreiwung no, kann awer néirens eppes fannen. Duerch mäin haard Gefluchs get een aneren Velosfuerer op mech opmierksam, an gemeinsam Sichen mer den genanntenen Hostel. Nodeems mer am Hotel Mercure nach eemol eng Weebeschreiwung kréien, fannen mer dun den Juraj Outdoor Hostel, deen offensichtlech schon op mannst zenter 20 Joer zou ass.
Wann onerwaard, schlecht Saachen engem passéiren, gleewen ech emmer gär un t´Theorie vum “Strukturellen Optimismus”: wat och emmer geschitt, et geschitt aus engem gudden Grond. Et helleft engem sou einfach duerch t´Liewen ze goen, an et muss een sech ni wéinst iergendeppes Suergen man, well et henno emsou besser ass. Sou och hei.
Op méngem GPS sichen ech mer deen éischtbeschten Hostel deen ugewisen get, wat an deem Fall den Hostel Blues ass, fir deen ech net wäit fueren muss. Während t´Entrée näicht Guddes erahnen léisst, gin ech spéitsdens bei der Umellung vum Géigendeel iwwerzeegt: t´Rezeptioun ass gläichzäiteg en ur-gemittlechen Café, mat däischtrem Parkett an Couchen iwwerall, mat aalen Guitaren an Miwwlen. T´Leit an der Rezeptioun sin immens hellefräich, an fir knapp 13€/Nuecht kann ech am immens propperen Appartement “Amsterdam” schlofen, direkt nierft “Paräis”. Well t´Nuecht sou belleg ass an ech nach keng Geleenheet hat, Bratislava am Hellen ze gesin, bleiwen ech fir 2 Nuechten.
Erstaunlecherweis ass Bratislava net just e Ryanair-Flughafen, mee et gin och wirklech puer Sehenswürdegkeeten hei. Well een déi awer mat enger Hand opzielen kann, spezialiséiren ech mech éischter op déi slovakesch Kichen, déi IMMENS vill gutt Saachen ze bidden huet. Sou kann ech beispillsweis eng Zort Kniddlen mat Speck an Schofskéis empfehlen, oder awer e gudden Gulasch mat Semmelknödel a Sauerkraut.
Wann lo een mech freet, ob Bratislava eng Visite wert ass, sou géif ech em roden fir maximal 2–3 Deeg heihin ze kommen; ech géif awer keng ganz Vakanz hei verbréngen wellen.
De Fakt dass Bratislava awer anscheinend och net schlecht ass fir Party ze man, deem wollten déi 3 Englänner an eisem Zemmer nogoen: se loungen bis de spéiden Nometteg am Bett, fir dann géint 21h an t´Stad ze goen, an géint 5h Auer moies fréih mat déckem Kaméidi nees zréckzekommen (dir kent iech denken wat ech a ménger Cowboy-Phantasie mat hinnen gemaach hun!)
Mat Bratislava war t´Slovakei e kuerzen Zweschenstopp, deen mer en klengen Virgeschmaach gin huet wat elo an nächster Zäit op mech duerkent: friem Länner, wou nemmen nach selten Englesch geschwat get, aner Mentalitéiten, nei Saachen fir kennenzeléiren. Elo geet et richteg lass. Ech sin gespaant ob Ungarn déi héich Erwaardungen, déi ech un et hun, erfellen kann.